Den 22. Mäerz war de Weltwaasserdag, an d’EBL huet fir déi Occasioun en interaktive Kuer zum Theema “Eist Drénkwaasser” an der Primärschoul zu Koplescht gehalen.

Wosst dir z.B. datt zu Lëtzebuerg 50% vum Drénkwaasser aus dem Buedem (gréisstendeels aus dem Lëtzebuerger Sandsteen) an déi aner 50% aus dem Stauséi kënnt? Mir mussen eis bewosst sinn, datt eist Krunnewaasser ressource-schounend, sozial an ekonomesch sënnvoll ass 🙂

Méi Informatiounen a Sensibiliséierungsmaterial zum Drénkwaasser zu Lëtzebuerg fannt dir hei.