Den 22. Mäerz 2021, um Weltwaasserdag, hu mir, zesumme mam Ëmweltministère, der Waasserverwaltung an der ALUSEAU déi nei, national Drénkwaassercampagne lancéiert. Ziel vun der Campagne ass et de Grand Public fir Thema “Drénkwaasser” ze sensibiliséieren.

Tëschent Mäerz an August 2021 publizéiert den Ëmweltministère op senger Facebook-Säit an engem Wochen-Rhythmus Explikatiounen zum Thema Drénkwaasser.

 Beim Material handelt et sech ëm:

  • Werbe-Video “Melusina’s Choice”. Eng “humoristesch” Inzenéierung zum Krunnewaasser (schonn online)
  • Pousteren zur Campagne (schonn online)
  • Kuerz Erklärungs-Videoen zu den Themen “Drénkwaasser ass gesond” “Drénkwaasser ass e lokaalt Naturprodukt”, “Drénkwaasser ass nohalteg”, “Drénkwaasser a seng Mythen” an “Drénkwaasser schützen a schätzen”.
  • 5 Infografiken zu den Uewe genannten Themen
  • 5 Poustere mat Persounen, déi d’Krunnewaasser aus verschiddene Grënn promouvéieren

Dëst Material gëtt och au fur et à mesure op den Internetsite www.drenkwaasser.lu gesat.