D‘Buch zielt d’Geschicht vum „Litti“, dee guer net op seng Ëmwelt oppasst a säin Offall egal wouhi gehäit. Mat Hëllef vu senger Nopesch, dem „Betti“, léiert hie lues a lues wéi een nees am Aklang mat der Natur lieft, wat een alles aus Offall maache kann, respektiv wéi e säin Offall ka vermeiden. Op sengem Wee léiert de Litti wéi een den Offall richteg trennt, wou een e soll hibréngen, a wat dann aus deenen eenzelnen Offäll ka gemaach ginn. Hie mierkt dann och wéi vill besser et him geet wann hie sech gutt ëm seng Ëmwelt këmmert.

D‘Bichelchen (A5, 52 Säiten) weist bildlech a spilleresch, ouni vill Texter, wéi een d‘Offallproblematik an eiser Gesellschaft kann ugoen – esouwuel als Kand wéi och als Erwuessenen.

 

Vu wiem?

Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL)

Ministère fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung (MECDD)

Ëmweltverwaltung

Superdreckskëscht (SDK)

Offallsyndikater SICA a SIDEC

 

Illustratiounen:

Medakovic Drazen

 

Geprint vun:

Autisme Luxembourg a.s.b.l.