Mir si frou, Iech matzedeelen, dass d’EBL den SDK-Label fir Betriber kritt huet – eng Auszeechnung fir eng nohalteg an ëmweltbewosst Offallgestioun.

De Label gëtt nëmmen u Betriber verginn, déi héich Ufuerderungen an der Offallvermeidung, Offalltrennung a Ressourcegestioun erfëllen. Dobäi stinn den Engagement vun de Mataarbechter, eng transparent Recyclingspolitik an e verantwortungsvollen Ëmgang mat der Ëmwelt am Mëttelpunkt.

Den SDK-Label, deen ënner dem Patronage vun der Ëmweltverwaltung, der Chambre des Métiers an der Chambre de Commerce steet, ass noder internationaler Norm ISO 14024:2018 zertifizéiert. D’Krittärë ginn all Joer duerch eng onofhängeg Kontroll iwwerpréift.

Merci un all d‘Mataarbechter, déi mat hirem deeglechen Engagement dozou bäigedroen hunn.

sdl label fir betriber ebl