D’EBL ass säit 30 Joer eng Famill, déi zwar bestänneg méi grouss gëtt, mee wou och alt emol Deeler vun der Crew changéieren. Bei der Generalversammlung 2022 gouf et dann och e Wiessel an der Besatzung vum Comité.

No 15 Joer als Sekretär huet de Pierre Schmitt dem Verwaltungsgremium vun der EBL Äddi gesot a säi Mandat net erneiert. Laang Zäit huet hie mat groussem Engagement d’Geschécker vun eisem Veräin u viischter Front mat geleet a besonnesch duerch seng grëndlech a beduecht Art a Weis vill flott Projeten ugestouss a mat ëmgesat. De Pierre war en exemplaresche Sekretär, op deen zu 100% Verlooss war an deem mir fir déi vill schéi Momenter e riiseg grousse Merci soen.

Och d’Estelle Rotondano, dat säit 2015 am Comité war, huet säi Mandat néiergeluecht an de Comité vun der EBL verlooss. D’Méifachbelaaschtung aus Beruff, Privatem a bénévolem Engagement bei der EBL war einfach zevill an esou kann hatt sech méi op d’Famill a seng Roll als Monnerecher Ëmweltberoderin konzentréieren. Och dem Estelle soe mir en häerzleche Merci fir seng Zäit am EBL-Comité.

Zwee nei Gesiichter sinn dann och an de Comité nogeréckelt. De Charel Kass, Ëmweltberoder zu Ettelbréck, suergt fir frësche Wand am Comité an de Laurent Majerus, Ëmweltberoder zu Mamer, iwwerhëllt de Poste vum Sekretär vun der EBL. Mir freeën eis op allefall op eng gutt Zesummenaarbecht mat hinnen zwee.

Awer net just am Comité, mee och bei de Mataarbechter gouf et Wiessel. 2021 ass d’Aline a säi spannenden zweete Mammecongé gaang a vum Gilles Irthum ersat ginn, deen awer Enn dës Joers e neien Challenge ugeholl an d’EBL nees verlooss huet. Och d’Julie Garlinskas huet der EBL no engem Joer de Réck gekéiert, fir nei Aufgaben am Guinea unzehuelen. Ersat goufen si nach net komplett, mee säit Abrëll 2022 ergänzt de Fränz Hausemer eis Ekipp an et wäerte wuel nach wieder Persounen dobäistoussen.

Wéi all Veräin gëtt awer och d’EBL vu senge Membere gedroen an esou koumen och 2021 direkt 4 nei Privatmember bäi, 4 Organisatiounen a ganzer 17 nei Abonnente-Gemengen. Sou geet et mat der ugepasstener Crew an e neit a spannend Joer, dat virun eis läit.