Zäregasemissiounen zu Lëtzebuerg (2019): 10,74 Mio. t. CO2
Den Inventaire un Zäregasemissioune vun 1990-2019 zu Lëtzebuerg ass vun der Ëmweltverwaltung publizéiert an un d’Sekretariat vun der “Convention-cadre des Nations Unies sur les changements climatiques (CCNUCC)” weidergeleet ginn.
Den Total un Zäregaser am Joer 2019 kënnt op 10,743 Milliounen Tonnen CO2, 15,6% ënnert dem Wäert vum Referenzjoer 1990 aus dem Kyoto-Protokoll. Kuelestoffdioxid (CO2) hëlt hei am Land mat engem Undeel vun 90,8% de gréissten Deel un Zäregaser an. De Methan (CH4) läit mat 5,4% vun den Emissioune virum Laachgas (N2O) mat 3,1% op der zweeter Plaz.
Fir 2020 gëtt sech eng Baisse un Zäregaser vun ongeféier 14% am Verglach zu 2019 erwaart. Haaptgrond ass d’Coronakris an dem doropfolgende Réckgang un ekonomeschen Aktivitéiten.