Fir eng zousätzlech Stëmm fir de Gemengesecteur ze sinn, huet d’EBL en Avis ausgeschafft zu zwee nationalen Aarbechtsprogrammer :

  • AEV: Waassergestiounsplang (2027-2033)      
  • AGE: Offall- a Ressourceplang (PNGDR 2025)

Bei béide Stellungname gouf versicht, d’Aarbechtspläng ze vervollstännegen an un d’Realitéit um Terrain unzepassen, soudatt d’Ziler erreecht kënne ginn.

  1. AEV: Waassergestiounsplang (2027-2033)    

 

 

 

Avis am Kader vun der Consultation publique zum Kalenner & Aarbechtsprogramm fir de 4.Waassergestiounsplang (2027-2033)

D’Propose zum Aarbechtsprogramm zum Waasserbewirtschaftungsplang kënnt dir hei liesen.

 

D’EBL dréckt duerch den Avis en allgemengt Averständnis aus mat der Richtung vum Mesurëplang. D’Evaluatiounskrittären an d’Objektiver entspriechen der Komplexitéit vum Milieu aquatique awer net ëmmer an déi theoretesch Festleeunge ginn der Realitéit net gerecht fir d’Ziler wéi geplangt ze erreechen. Den ageschloenen Wee schéngt also net wäit genuch ze goen a behandelt d’WRRL-Ziler net all mat der selwechter Prioritéit.

 

D’EBL huet zu verschiddene Punkten hiren Avis ginn:

Et feele konkret Mesurë fir en nohaltegen Ëmgang mat de Waasserressourcen. Fir méi konkret Moossnamen an de Waasserbewirtschaftungsplang opzehuele proposéiert d’EBL:

  • D’Reglementeieren vun der Entnam vun Drénkwaasser : de Waassergrondbedarf gëtt festgeluercht an d’Benotzung doriwwer hinaus gëtt mat enger Waassertaxe geregelt.
  • Iwwer d’Méiglech Notzung vu Reewaasser als Drénkwaasser op Privatem a Kommunalem Niveau méi ze sensibiliséieren an informéieren.
  • Eng Versigelungstax anzeféiere fir onduerchlässeg Flächen ze reduzéieren.
  • Op de Gemenge reegelméisseg Kontrolle vun de Reseauen ze fuerdere souwuel wéi och digital Waasseraueren a Quartiersziler fir Waasserfuitte schnell ze identifizéieren aféieren.
  • Fir d’Reewaassergestioun bei all Neibaugebidd a spéider och bei bestoende Quartieren e puer Mesuren ze implementeieren.
  • Konsequent no de Verursaacher vun der Pollutioun ze siche soudatt d’Verschmotzung vun den Uewerflächegewässer ofgestallt ka ginn. Dofir misst een d’Prioritéite bei de Moossnamen iwwerdenken, soudatt no der Kartéierung an der Identifizéierung vun de Pollueuren entgéintgewierkt ka ginn an d’Verschmotzung schnellstméiglech ënnerbonne ka ginn.
  • D’Waassertemperatur duerch d’Verbidde vun der Entnam vu Killwaasser aus dem Uewerflächegewässer wann et net essenziell ass.
  • Ze kucken datt sech d’Naturschutzgesetz an d’Waassergesetz net am Wee stinn.
  • De Waasserverträg méi Initiativrecht ze ginn an hinne méi Kompetenzen am Beräich vun der Analytik vum aquateschen Ëmfeld ze ginn.
  • D’Mise en Place vun engem Waasserrot fir eng permanent Kooperatioun tëscht den Acteuren am Waasserberäich ze erméiglechen

 

 

Avis am Kader vun der Consultation publique zur mise à jour vum “Plan National de la Gestion des Déchets et des Ressources (PNGDR)”

De Rapport vum PNGDR kënnt dir hei liesen.

 

D’EBL huet en Avis zum PNGDR erausgi mat e puer Verbesserungsvirschléi :

 

  • D’Déconstructioun am Kader vun urbane Projeten a Bauprojete misst verstäerkt thematiséiert ginn.
  • D’Auswiel vu Materialie beim Baue sollt och méi Wichtegkeet an der Conceptioun kréien, soudatt d’Materialien no hirem eigentleche Gebrauch nach eng Kéier getrennt an an enger anerer Form genotzt kënne ginn.
  • D’Limitéierung oder déi spéider lokal Notzung vum Erdaushub bei Bauprojete sollt och verstäerkt am Plang festgeschriwwe ginn.
  • Gläiches gëllt fir d’Limitéierung oder wa néideg, d’Verwäertung vum Bauschutt.
  • D’Offallgesetz vum 21. Mäerz 2021 iwwer de Reschtoffall ëmfaasst d’Theema gutt, mee hieft keng Sanktioun ervir. Duerch e méi adaptéiert Reegelwierk mat incitativen Taxereglementer kéint een eng besser Ressourcen- an Offallverwäertung fërderen.

Dozou huet d’EBL och nach en zousätzleche Punkt proposéiert : “Recherche no Methode fir Verpakungsoffall ze reduzéieren duerch Behältnisser a Prozeduren déi e Réemploi fërderen”. Duerch eng Subventionnéierung oder eng aner Zort vu finanziellem Ureiz kéint een de Verpakungsoffall reduzéiere fir d’Zil besser ze erreechen. Bei der Recherche vun de Methode well d’EBL zu de nationale Efforte bäidroen andeems mir eis beim Projet Green Events dësem Verbesserungspunkt widmen.