Am Januar huet d’Ëmweltministesch an der Chamber d’Aarbechte fir d’Ännerungen vum Naturschutzgesetz ofgeschloss, déi d’Ëmsetzung vum Naturschutzgesetz am Alldag vereinfacht an administrativ Hindernisser ofbaut. Och d’Moossname géint d’Liichtverschmotzung a fir de Schutz vu bemierkenswäert Beem si vereinfacht ginn.

Dat verännert Gesetz ass de 14te Mäerz offiziell verëffentlecht ginn. Hei kann et consultéiert ginn.