Duerch een effizient Lëften ka vill Energie agespuert ginn an d’Loftqualitéit am Raum däitlech verbessert  ginn. Dëst ass ville Léit awer net bewosst an och schwéier nozevollzéie well een d’Loft mam bloussen An net beobachte kann.

Dëse Modell mécht et méiglech, déi verschidden Aarte vun der Raumbeleftung kloer virun An ze feieren. Hei geséit een däitlech, mat Hëllef vun Damp, wéi de Loftzuch an engem Raum ob déi véier Belëftungsméiglechkeete reagéiert:

  • Fënster op Kipp an Dier zou
  • Fënster op Kipp an Dier op
  • Fënster op an Dier zou
  • Fënster op an Dier op

Wann dir äre Mataarbechter, Bierger, Entreprisen etc. des Energiespuermesur weise wëllt, kenn dir dëse Modell gäre bei ons ausléinen.

 

Den eemoleg ze verriichtende Präis fir d’Lounen vum Miessapparat beleeft sech ob:

  • Gratis fir Memberen
  • 20 Euro fir Net-Memberen

Ufro - Material lounen

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL