Dës 2 Ausstellunge si perfekt gëeegent fir Kanner aus dem Fondamental a sollen hinnen di zwee Theemen Buedem a Bësch méi no bréngen. D’Ausstellunge kënnen op engem Support aus Stoff bei der EBL ausgeléint ginn oder awer an digitaler Form op 2 CD’e kaf ginn. Béid CD’e goufe spezifesch un de Léierstoff vun de Primärschoulen zougeschnidden. Dat ganzt Material ka fräi geprint, multiplizéiert, vergréissert an opgehaangen, awer nët un Drëtt weidergereecht ginn. Och d’Kopéiere vun den CD’en ass nët erlaabt.

 

 

Enthale sinn nierwt theoreteschen Hannergrondinformatiounen an didakteschem Material och Léierhëllefen, Affichen a Biller, Tipps fir Ausflich, Literaturangaben an en Inventar fir eng Buedem- a Bësch-Valise opzestellen. Op Nofro hi kann d’EBL och matt engem ergänzenden Atelier flott Experimenter mat de Kanner maachen. De Präis fir sou en Atelier gëtt individuell, je no Zäit- a Materialopwand festgeluet.

 

Präis fir d’Ausléinen:

  • Gratis (Memberen)
  • 20 € (Net-Memberen)

Ufro - Material lounen

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL