Webinar - Wat ass d'EUCF?

Déi europäesch Initiativ ‘EUROPEAN CITY FACILITY‘ bitt de Gemengen a Gemenge-Syndikater eng Méiglechkeet fir Mossnamen am Klima- an Energieberäich ze finanzéieren. D’Fërderung ass mat bis zu 60.000€ dotéiert. D’Gemeng oder de Syndikat huet wéineg Risiko, well kee Remboursement néideg gëtt, falls de Projet net op en Enn kënnt. Dës Finanzéierung ass komplementar zum Klimapakt.

Mir invitéieren ich fir e Freideg, 11. September vun 10 bis 11.30 Auer op eng online Presentatioun / Videokonferenz zu dësem Programm.

Agenda:

  • Wat ass d’EUCF? (Tatjana Veith – europäescht Klima-Bündnis)
  • Wéi kann een eng Fërderung ufroen? (Rainer Telaar)
  • Ënnerstëtzungsmechanismen vun der EUCF (Tatjana Veith)
  • Froe vun den Teilnehmer / Äntwerten.

Mellt iech w.e.g. iwwer dëse Link un, duerno kritt dir d’Informatioune fir d’Alogge per Mail zougeschéckt.

MERCI !
Votre inscription à bien été prise en compte.