Sech politesch abréngen – mee wéi? (Formatioun)

 

Eng Formatioun an 3 Seancë fir ONGen, déi sech mam politesche System zu Lëtzebuerg auserneesetze wëllen, fir an hirem politeschen Handele méi en direkten a geziilten Afloss kënnen ze huelen.

An der Formatioun erkläert de Journalist Maurice Molitor an enger éischter Seance wéi de politesche System zu Lëtzebuerg funktionéiert a wou ee sech als Zivilgesellschaft abrénge kann. Et geet ënnert anerem ëm d’Fro, wéi engem seng Stëmm och wierklech gehéiert gëtt, a beschtefalls an eng final politesch Decisioun mat erafléisst.

An enger zweeter Seance beschwätzt de Maurice Molitor mam Jean-Claude Juncker, eemolege Premier an EU Kommissiounspresident, wéi hien de Lien tëschent EU- an Nationalpolitik gesäit – an d’Roll vun den ONGen am politesche System.

Zum Schluss gi mir, an enger drëtter Seance, fir eng Visite guidée an d’Chamber. Do erwaart eis e Bléck hannert d’Kulissen.

 

3 Seancen = 2 Webinaren + 1 Visitt an der Chambre des député.e.s

Wéini?

  • Seance 1 // 1. Mäerz 2022 // 11:00 – 12:30 (Webinar)
  • Seance 2 // 10. Mäerz 2022 // 11:00 – 12:30 (Webinar)
  • Seance 3: // 14. Mäerz 2022 // 09:00 – 11:00 (Visitt Chambre des député.e.s)

 

Dës gratis Formatioun gëtt Iech proposéiert vum Cercle de Coopération des ONGD du Luxembourg, der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l. an natur&ëmwelt a.s.b.l.

Dir kënnt Iech fir d’Webinare separat aschreiwen. Allerdéngs ass d’Visitt an der Chambre des député.e.s, wéinst den aktuelle sanitäre Mesuren, just fir déi éischt 30 Leit an déi, déi och déi zwou éischt Seancë matgemaach hunn, reservéiert.

 

Schreift Iech a bis den 25. Februar op :

MERCI !
Votre inscription à bien été prise en compte.