Aluedung KLIMAPAKTDAG 2020

Zesumme fir méi Klimaschutz an de Gemengen

Freides, de 9. Oktober 2020
vu 14:00 bis 16:30 Auer
op pacteclimat.lu

 

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung a myenergy invitéieren op de Klimapaktdag 2020 deen dëst Joer an enger virtueller Form stattfanne wäert. Si freeë sech, eis trotz dem aktuelle Kontext kënnen a Form vun engem interaktive Live-Stream ze empfänken, an hoffen och dëst Joer nees vill Leit op dësem Dag kënnen ze begréissen. D’EBL ass als Klimapakt-Partner mat dobäi.

Eng Umeldung ass net noutwenneg. Connectéiert Iech den 9. Oktober einfach op pacteclimat.lu fir an Echtzäit iwwer Video um Event deel ze huelen.

 

De Programm vum Klimapaktdag steet dëst Joer ganz am Zeeche vum Klimapakt 2.0, et wäerten intervenéieren:

  • Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung
  • myenergy
  • d’Partnerorganisatioune vum Klimapakt CELL, EBL, IMS a Klima-Bündnis Lëtzebuerg

 

MERCI !
Votre inscription à bien été prise en compte.