Info-Sessioun: EUCF - Zweeten Opruff

 

Déi europäesch EUCF bitt de Gemengen a Gemenge-Syndikater eng Méiglechkeet fir Investitiounskonzepter am Energie-Beraich ze finanzéieren. D’Fërderung ass mat bis zu 60.000€ dotéiert. D’Gemeng oder de Syndikat huet wéineg Risiko, well kee Remboursement néideg gëtt, falls de Projet net op en Enn kënnt. 

Dëse Finanzement ass komplementär zum Klimapakt a riskéiert keen ‘double financement’.

Aktuell ass den zweete Call lancéiert, dofir invitéiere mir iech fir e Mëttwoch, 21. Abrëll vun 10 bis 11.30 Auer op eng online Presentatioun / Webinar zu dësem Programm. 

Agenda

  • Wat ass d’UECF? (Marianne Kollmesch – EBL) 
  • Wéi kann een eng Fërderung ufroen? (Josef Balmes – energieagence)
  • Wat ass en Investiziounskonzept? (Josef Balmes – energieagence)
  • Ënnerstëtzungsmechanismen vun der EUCF (Marianne Kollmesch – EBL) 
  • Froen vun den Teilnehmer un der Videokonferenz an Äentwerten

 

Mellt iech w.e.g. per Mail op info@ebl.lu un, duerno kritt dir d’Informatiounen fir d’Aloggen per Mail zougeschéckt.

MERCI !
Votre inscription à bien été prise en compte.