EUCF Webinar - drëtte Call
Déi europäesch EUCF bitt de Gemengen a Gemenge-Syndikater eng Méiglechkeet fir Investitiounskonzepter am Energie-Beraich ze finanzéieren. D’Fërderung ass mat bis zu 60.000€ dotéiert. D’Gemeng oder de Syndikat huet wéineg Risiko, well kee Remboursement néideg gëtt, falls de Projet net op en Enn kënnt.
Dëse Finanzement ass komplementär zum Klimapakt a riskéiert keen double financement.
Aktuell ass den drëtte Call lancéiert, dofir:
invitéieren mir iech fir e Mëttwoch, 27. Oktober vun 14 bis 15.30 Auer op eng online Presentatioun / Webinar zu dësem Programm.
Agenda:
- Wat ass d’UECF? (Marianne Kollmesch – EBL)
- Wéi kann een eng Fërderung ufroen? (Josef Balmes – energieagence)
- Wat ass en Investitiounskonzept? (Josef Balmes – energieagence)
- Ënnerstëtzungsmechanismen vun der EUCF (Marianne Kollmesch – EBL)
- Froen vun den Teilnehmer un der Videokonferenz an Äentwerten
Mellt iech w.e.g. per Mail op info@ebl.lu un, duerno kritt dir d’Informatiounen fir d’Aloggen per Mail zougeschéckt.