14/08/20 – Ausschreiwung vun enger Plaz am Ëmweltberaich – Mir sichen eng motivéiert Persoun, déi eis Equipe bei der Koordinatioun vu Projeten an dem alldeeglechen Aarbechtsoflaf mat ënnert d’Äerm gräift. D’Aarbechtszäite kënne je no Profil a Besoin am Virfeld mam Kandidat oder der Kandidatin festgeluegt ginn. Eng Verlängerung vum Kontrakt no engem Joer gëllt als Optioun.