Wärend de Méint September bis Dezember 2020 organiséiert d’Cellule nationale d’Information pour la Politique Urbaine (CIPU) verschidden online Presentatiounen zum Thema: “Stadt, pass’ dich an! – Klimawandel und Stadtentwicklung”. Dës Presentatioune sinn fir all déi, déi net live dobäi kënnen/konnten sinn, weider online fräi zougänglech.

 

 

Bis elo um Programm waren folgend Virstellungen:

1. Virtrag vum 23. September 2020: “Klimawandel zu Lëtzebuerg”
2. Virtrag vum 06. Oktober 2020: “Waassermanagement an Zäite vum Klimawandel”
3. Virtrag vum 20. Oktober 2020: “Ëmgang mat der Hëtzt am Siidlungsberäich”

Dës Virträg kënnt dir iech iwwert dëse Link ukucken.

De 17. November vu 16h00 bis 18h00 invitéiert d’CIPU op hire véierten online Colloque dës Kéier mam Thema “Entwécklung vu klimafrëndleche Quartieren”. Heifir gouf d’Anna-Kristin Jolk vum däitschen Institut fir Urbanistik agelueden.

Weider Informatiounen…